D’Jugendekipp vun Indiaca Bettenduerf ass e wichtege Bestanddeel vum Veräin an entwéckelt sech vu Joer zu Joer weider. Zënter dräi Joer gëtt d’Ekipp vun de Trainer Sebastian Lang a Clara
Woelk geleet, déi mat vill Engagement an Asaz fir d’Fërderung vun de jonke Spiller suergen.
Schonn an de Jore virdrun hunn Trainer wéi Jil Schmitz, Laury Putz, Mike Derneden a Jean-Marc Faust eng wichteg Grondlag geluecht an d’Jugend iwwer laang Zäit opgebaut a gefërdert.
Nieft dem sportlechen Training gëtt och vill Wäert op Teamgeescht geluecht. Trainingslager am Ausland, gemeinsam Aktivitéiten an den alljärleche Campingausfluch op de Fussekaul gehéieren
dozou. Och Ausflich un de Stauséi stäerken den Zesummenhalt an suergen dofir, datt d’Jugendspiller flott Erënnerunge sammelen.