COMITE INDIACA BETTENDUERF


De Comité vum Indiaca Bettenduerf fir d'Saison 2025-26 besteed aus folgende Leit:

 

Ben Ewers: President

 

Robert Strauch: Vizepresident

 

Gilles Faber: Sekretär

 

Mike Derneden: Caissier

 

Clara Woelk: Koordinatrice Dammen Ekipp, Jugend Ekipp & Social Media

 

Sebastian Lang; Koordinateur Jugend & Hären Ekipp

 

Michel Faust: Koordinateur Mixte Ekipp

Laurent Weber: Social Media


Joé Graf: Loisir

Yann Bertemes: Zeugwart 


GENERALVERSAMMLUNG SAISON 2025/2026

D’Generalversammlung vum Veräin war och dëst Joer eng gelongen an gutt besichte Manifestatioun. Nieft der Jugendekipp an de Loisir-Spiller waren och vill Elteren an aner Veräinsmemberen dobäi, wat de staarke Zesummenhalt am Veräin nach eemol ënnerstrach huet.

Besonnesch gefreet huet et eis, de Vertrieder vum Schäfferot, Andy Derneden, souwéi de Buergermeeschter vun Bettendorf, Patrick Mergen, op eiser Versammlung begréissen ze dierfen. Hir Presenz weist d’Ënnerstëtzung an d’Unerkennung fir d’Aarbecht vum Veräin.

Am Laf vum Owend gouf op dat vergaangent Joer zeréckgekuckt an och en Ausbléck op zukünfteg Projeten ginn. D’Versammlung war geprägt vun engem konstruktiven Austausch an enger positiver Atmosphär.

E grousse Merci geet un all Memberen, Benevolen an Ënnerstëtzer, déi sech am Laf vum Joer engagéieren an esou zum Erfolleg vum Veräin bäidroen.